Fauschtdéck hannert den Oueren

Wat hält d'Welt am Ënnersten zesummen? Ass et éischter d'Schoul, sinn et d'Bicher oder ass et d'Wëssen? Oder sinn et awer villäicht de Sex, d'Geld oder d'Muecht? Dës si Froen, déi sech bestëmmt scho vill Leit gestallt hunn. Dës Froe beschäftegen awer och de jonke Jerry, e Premièresschüler, deen net zefridde mat senger Situatioun ass. Op enger wuel eenzegaarteger Rees, sicht de Jerry nom Sënn vum Liewen. Genervt vu senger Famill a vu sengem beschte Kolleeg, verschwënnt hien, fir dat ze sichen an ze fannen, vun deem hien dreemt. Mee ass et wierklech dat, wat hie wëll? Kann hie mat deene Wäerter wierklech glécklech ginn? Oder sinn et awer éischter déi Wäerter, déi seng Elteren him bäibruecht hunn?

Weitere Produkte vom selben Autor

Die Leiden der jungen Juanita Sartini, Massimo

22,99 €*
D'Tragedie vum Kinnék Wenzel Sartini, Massimo

27,00 €*
Déif oder Daiva Sartini, Massimo

24,80 €*
Falkenstein Sartini, Massimo

21,90 €*